Wéinst der Pandemie gouf de bekannte Festival ofgesot. Den 8. August ginn awer zwee Concerte live gestreamt an duerno gëtt een DJ-Set gewisen.

D'Evenement gëtt fir jiddereen op RTL.lu iwwerdroen.

Um 20 Auer geet et op enger geheimer Plaz u mat der Hip-Hop-Band Freshdax. D'lëtzebuergesch Band ass schonn 2014 um Iechternacher Séi opgetrueden. Si hunn de Lockdown genotzt, fir nei Musek ze prouwen. Et dierf een deemno op nei Lidder gespaant sinn.

Duerno trëtt de Serge Tonnar op, deem seng Lidder och virop elo an der Corona-Zäit ganz aktuell sinn.

Zum Schluss gëtt een DJ-Set vum weltbekannten hollänneschen DJ Mark Sixma gewisen. Hien ass schonn op ville Bünen opgetrueden an huet wärend senger Vakanz am Grand-Duché ee Live-Set virbereet. Dee gouf am Virfeld opgeholl an den 8. August iwwerdroen.

Den nächsten e-Lake Festival ass fir den zweete Weekend am August 2021 ugekënnegt.