De Realisateur vum bekannte Film "Fame", den Alan Parker, ass am Alter vun 76 Joer no laanger Krankheet gestuerwen.

Zu senge Meeschterwierker gehéieren ënnerschiddlech Klassiker wéi "Fame", "Midnight Express" an "The Commitments", fir déi hie mat ville Präisser geéiert gouf.

Gebuer gouf den Alan Parker op Vältesdag 1944, wärend deem déi däitsch Loftwaff London bombardéiert huet. Mat enger Schneiderin als Mamm an engem Moler als Papp ass hien an enger Sozialwunneng am deemolegen Aarbechter-Quartier Islington opgewuess.

Seng Ufäng de Parker als Texter an enger Publicitéitsagence, huet an de 70er Joren awer seng eege Publicitéiten a senger Firma, déi hien zesumme mam Alan Marshall gegrënnt hat, gedréit. Dat war seng Filmschoul. Ee vu senge Virbiller war de Ken Loach mat sengen Sozialdramen. An där Zäit huet hien och ugefaange seng éischt Dréibicher ze schreiwen.

Säin éischte Kinofilm huet den Alan Parker selwer finanzéiert, andeems hien eng Hypothéik op säin Haus opgeholl huet. Eraus koum de Film-musical "Bugsy Malone", mat Kanner als Duersteller, dorënner d'Actrice Jodie Foster. Duerno koum "Midnight Express" no enger reeller Geschicht. De Film an d'Regie goufe fir Oscaren nominéiert. Duerno koumen nach vill, ënnerschiddlech Wierker hannendrun, wéi "Birdy", "Pink Floyd - The Wall", "Evita" an natierlech "Fame".