An Theater, Danz a Musek setze si sech mam Thema „ Gesondheet, Seuchen an Hygiène vu fréier a vun haut“ auserneen.

Mat just engem Awunner ass Randschelt dat klengsten Duerf vu Lëtzebuerg. Ma wie mengt, hei wier näischt lass, deen iert sech. Zanter dem 20. Juli belieft de Kënschtlerkollektiv „Kopla Bunz“, an Zesummenaarbecht mam Musée Thillenvogtei, déi historesch Lieue vu Randschelt an zwar mat enger multidisziplinärer Performance.

Mat der Performance „An de Spillmann ass do...“ waart op d'Visiteuren eng Rees duerch déi lescht Joerhonnerten, mat engem zäitgenëssesche Bléck op al Konscht a Gebräicher.

A véier coronakonforme Gruppen dauche si op sechs Statioune vu jeeweils 10 Minutten an dee schwéieren Alldag vun deemools an, an deem d'Mënsche mat Krankheet, Hongersnout an Aarmut ze kämpfen haten. Duerch d'Duerf gefouert gi si vu ganzer 10 historesche Figuren.

Mat, ënnert anerem, morbide Lidder an der Willibrorduskapell, enger visuell-akustescher Installatioun am Parhaus an enger Béisserprozessioun gëtt d'Duerfliewe vun deemools kënschtleresch ënnert d'Lupp geholl.

D'Iddi vum Musée war et, fir dem Public eng Visitt vun der spezieller Zort unzebidden.

Nach bis de 24. August inclus, huet een all Méindeg d'Geleeënheet, fir op sou enger musikalescher Zäitrees duerch Randschelt dobäi ze sinn.

Umelle kann ee sech iwwer de Site www.visitguttland.lu/de/gefuehrte-sommerbesichtigungen oder per Mail un info@visitguttland.lu. D'Féierunge si gratis.