Wéi et heescht, hätt de franséische Komiker d'Affer vun der Shoah beleidegt an sech an "onmënschlecher" Aart a Weis iwwert d'Judde geäussert.

"Persounen oder Organisatiounen, déi aner Leit ugräife fir dat wat se sinn, hunn op Facebook an Instagram keng Plaz", heescht et Säitens dem Onlinedéngscht.

Enn Juni hat Google dem Dieudonné M'Bala M'Bala scho wéinst "wiederhuelte Verstéiss géint d'Richtlinnen" säi Youtube-Kanal ofgeholl. 1,3 Millioune Leit hunn hien op Facebook suivéiert, op Youtube waren et der 400.000.

Och d'Ligue géint Rassismus an Antisemitismus (Licra) begréisst dëse Schratt. De franséische Komiker hätt bei Jugendlechen duerch seng Äusserungen irreparabele Schued hannerlooss, heescht et säitens der Licra. Zënter Jore suergt hie mat rassisteschen an antisemittesche Spréch fir Kontroversen a gouf och dofir schonn e puer Mol um Geriicht verurteelt.