Ënnert bestëmmte Konditioune kënne vu Mëtt August un nees Concerten a Festivalle mat iwwer 5.000 Leit bei eise franséischen Noperen autoriséiert ginn.

Dobäi mussen d'Sécherheetsmesuren, déi vun der Regierung virgeschriwwe ginn, alleguerte respektéiert ginn. Deemno muss tëscht de Sëtzplaze genuch Ofstand agehale ginn an de Mondschutz ass wärend dem Evenement obligatoresch. En deementspriechend Dekret gouf schonn Enn Juli vum Ministère erausginn.

Vum 1. September u kënne Festivallen, Concerten an aner Showe mat iwwer 5.000 Visiteuren ouni speziell Geneemegung nees organiséiert ginn. Méi Informatioune sollen an der Woch vum 24. August vun der Regierung publizéiert ginn.

De Kultur-Secteur gouf besonnesch schwéier vun der Kris getraff. Zanter Mëtt Mäerz goufen all Evenementer verbueden. Professioneller aus dem kulturelle Beräich haten ëmmer nees kritiséiert, dass et kee Relance-Plang fir hir Branche géing ginn.