D'Awunner vun der polnescher Stad Pilchowice protestéiere wéinst enger geplangter Filmzeen am neie "Mission: Impossible".

Normalerweis komme bei engem Filmdréi keng richteg Gebaier oder Brécken zu Schued. Ganz anescht sollt et am neien Tom-Cruise-Film sinn. Do sollt nämlech eng 111 Joer al Bréck an d'Luucht gesprengt ginn. Eng Film-Sequenz, déi bei ville Leit fir Opreegung gesuergt huet.

Wéi d'Süddeutsche schreift, hätt de Filmstudio Paramount Pictures a Betruecht gezunn, d'Bréck ze sprengen. Dat huet d'Stiftung für den Schutz niederschlesischer Industriedenkmäler der SZ géintiwwer confirméiert, déi sech op de polnesche Kulturministère berifft.

De Regisseur Christopher McQuarrie hat sech d'Plaz schonn am Dezember 2019 zesumme mat Vertrieder vun der polnescher Arméi genau ugekuckt.

Déi 151 Meter laang Bréck gëtt zanter 2016 net méi befuer. Eng Persoun, déi an enkem Kontakt mat Paramount Pictures steet, huet der Zeitung Gazeta Wyborcza géintiwwer gesot, dass d'Bréck et net wäert wier, renovéiert ze ginn. Offizielle Schätzungen no wier hiren Zoustand schlecht. 1909 gouf d'Bréck iwwert dem Boberstausee ageweit. Virun 2016 war déi idyllesch Streck virun allem bei Touristen e beléiften Ausfluchzil.

Nom Sprenge sollt d'Produktiounsfirma déi historesch Bréck ersetzen, déi net ënner Denkmalschutz steet. Där Meenung sinn d'Awunner aus der polnescher Stad a vill Historiker allerdéngs net a fuerderen, dass d'Bréck erhale bleift. E Wonsch, deem d'Denkmalstëftung nogaangen ass. Am Mäerz hu si eng Demande agereecht, fir dass d'Eisebunnsbréck ënner Denkmalschutz fält an net dierf beschiedegt ginn. D'Autoritéiten halen allerdéngs un hirer Meenung fest: Fir si ass d'Bréck kee Kulturdenkmal, mä e "postindustriellt Relikt".

De 7. "Mission: Impossible" soll den 19. November 2021 verëffentlecht ginn. Am November 2022 soll dann den 8. Deel kommen.