Déi bekannt Serie mam David Hasselhoff aus den 80er Jore soll elo fir de Kino adaptéiert ginn.

Dat melle verschidde Medien aus den USA. Et ass nach onkloer, ob den David Hasselhoff erëm seng Roll als Michael Knight iwwerhëlt an ewéi viru 35 Joer, mat sengem intelligenten Auto KITT, géint d'Onrecht kämpfe wäert.

Als Regisseur wier den James Wan den Haaptkandidat, wat drop hindeit, dass kee bëllegen Rip-off geplangt sollt sinn, mä ee richtegen Hollywood-Spektakel. Den James Wan ass ënnert anerem bekannt fir Filmer wéi "Saw" oder méi rezent den Hollywood-Blockbuster "Aquaman" mam Jason Momoa. 1991 krut d'Kult-Serie schonn een Remake ënnert dem Numm "Knight Rider 2000", deemools mam David Hasselhoff an der Haaptroll.

2017 krut d'Serie "Baywatch" aus den 80-er Joren, an där och den David Hasselhoff matgespillt huet, ee Film-Remake. Dëse war weltwäit e relative Flopp.