Koler an d’Rotonden, zwou Plazen, wou ee schlecht laanscht de Graffiti kënnt. De kreative Kapp hannert dësen zwee ambitiéise Projeten ass den Alain Welter.

Ma zënter Kuerzem schafft hien un engem neie grousse Projet. Déi 5 Killtierm um Site vun der ArcelorMittal zu Déifferdeng ginn duerch seng Hand verschéinert.

De Street-Art-Kënschtler Alain Welter ass gewinnt, grouss Surfacen ze bemolen. Déi iwwerdimensional Commande koum vun der Gemeng Déifferdeng an doropshin huet den Alain Welter Skizze preparéiert, fir déi der ArcelorMittal virzestellen. Déi 5 grouss Tierm bidde vill Fläch, fir thematesch ze schaffen, an do wollt de Kënschtler d'Geschicht vum Minett opgräifen.

D'Héischt an d'Form vun de Killtierm brénge fir de Kënschtler nei Erausfuerderunge mat sech. Ma deene stellt hie sech awer gären, well de Reiz an d'Loscht, de Projet ze realiséieren, immens grouss ass.

De 27 Joer jonken Artist huet déi éischte Kéier mat sengem ambitiéise Projet "Make Koler cooler" op sech opmierksam gemaach. Hei huet hie säin Heemechtsduerf Koler mat enger rëtsch Graffitien uechter d'Duerf verschéinert. E Projet, duerch deen hien eng grouss Visibilitéit hei am Land krut.

Bis viraussiichtlech September schafft de Kënschtler nach u senge 5 Tierm. Wann dat grousst Wierk fäerdeg ass, dann huet den Alain Welter och zu Déifferdeng seng Handschrëft hannerlooss.