Sou Rumeure gouf et scho méi laang, ma elo ass et offiziell. Déi amerikanesch Danz-Romanz vun 1987 kritt eng Fortsetzung.

Déi soll genee sou romantesch an nostalgesch gi wéi d'Original, sou de Lionsgate-Patron Jon Feltheimer.

D'Jennifer Grey, déi am éischte Film d'Roll vun "Baby" gespillt hat, produzéiert den neien Deel. Déi mëttlerweil 60 Joer al Schauspillerin soll och eng Roll am neie Film iwwerhuelen, wéi eng ass awer aktuell nach net gewosst. Net méi mat dobäi ass de Patrick Swayze, dee jo 2009 am Alter vu 57 Joer u Kriibs gestuerwen ass.

D'Regie iwwerhëlt den Jonathan Levine, deen ënner anerem bekannt ass fir "Long Shot" oder "Warm bodies".

De Film Dirty Dancing huet bis elo iwwer 210 Milliounen Dollar uechter d'ganz Welt agespillt an huet och een Oscar gewonnen, fir d'Titelmusek "(I've had) The time of my life".

2004 gouf et schonn eng éischt Suite vum Film mam Titel "Dirty Daning: Havana Nights", bei deem d'Originalgeschit op Cuba iwwerdroe gouf, ma ouni d'Jennifer Grey.