De brittesche Museksproduzent Martin Birch ass am Alter vun 71 Joer verscheet.

Wat genau d'Doudesursaach vum 71 Joer ale Mann war, ass nach net gewosst. De Martin Birch huet ënnert anerem Albe vun Iron Maiden, Black Sabbath an Deep Purple erausbruecht a war am Metal-Beräich täteg. De Sänger David Coverdale huet dës Nouvelle an der Nuecht op e Méindeg op Twitter verëffentlecht.

3 vun den 9 Iron-Maiden-Alben, déi de Birch produzéiert huet, hate sech d'Plaz 1 an den Charts geséchert.