An dëser Expo gi literaresch Wierker aus den 1930er Jore bis nom Krich vun allerhand Auteure gewisen.

Dat literarescht an intellektuellt Liewen wärend dem Zweete Weltkrich. Doriwwer kann een sech den Ament am Lëtzebuerger Literaturarchiv zu Miersch informéieren. Och wa villes vum zweete Weltkrich schonn erfuerscht ginn ass, gëtt et am Beräich vun der Literatur nach vill ze entdecken.

Expo Zweete Weltkrich / E Reportage vum Morgane Denozi

An dëser Expo gi literaresch Wierker aus den 1930er Jore bis nom Krich vun allerhand Auteure gewisen. Des Wierker behandele verschidden Themen, sou d'Curatrice vun der Expo, Daniela Lieb.

Daniela Lieb: Mir fänken u mat den 1930er Joren, déi ideologesch immens wichteg zu Lëtzebuerg sinn. An dann hu mir natierlech déi grouss Beräicher vun der Ëmsiidlung, vum KZ, respektiv KZ Literatur a vun den Zwangsrekrutéierten an deier Literatur déi si geschriwwen hunn.

Zu där Zäit goufen et vill Auteuren, déi sech mat hire Wierker géint den nationalsozialistesche Regimm positionéiert hunn. Ma des Expo weist awer och Beispiller, wou sech de Schrëftsteller positiv vis-à-vis vun de Nazie geäussert huet. Ausserdeem dréit d'Ausstellung och zur Fuerschung bäi.

Daniela Lieb: Zu Lëtzebuerg herrscht den Topus, den zweete Weltkrich wär iergendwéi erfuerscht, mee dat stëmmt nëmme fir gewësse Beräicher. Et gëtt nach vill wat sou gutt wei guer net erfuerscht ass, dozou gehéiert dat literarescht an intellektuellt Liewen.

Der Curatrice ass et wichteg de Leit ze verstoen ze ginn, dass den zweete Weltkrich ëmmer nach e gesellschaftsrelevant Thema ass.

Daniela Lieb: Villäicht ass et grad elo besonnesch relevant. Zum Beispill a villen europäesche Länner gesot gëtt, mir sinn elo mat enger historescher Phase konfrontéiert, déi sech an hiren Auswierkunge just mam 2. Weltkrich léisst vergläichen.

D'Expo an d'Aart a Weis, wei d'Ausstellung gemaach ass schéngt de Leit op alle Fall ze gefalen.

Aussoe vu Visiteuren:

"Et ass ebe vill Text, mee si probéieren awer ëmmer eben den Text mat Biller, mat Plakater ze ënnersträichen. An ech mengen et ass den Aspekt wou mer ganz gutt gefält. Vill Informatioun, awer si probéieren dat ganzt opzelackeren."

"Ech fannen et ganz flott, dass se ëmmer bei den Ausstellungen hei am CNL och e Katalog maachen. Sou dass een dann nach vill zousätzlech Infoen an och dat wou een hei gesinn huet nach eng Kéier doheem ka gesinn."

Wéinst dem Coronavirus ginn den Ament keng Féierungen ugebueden. Den Entrée ass fir jidderee gratis. Falls dir des Expo am Literaturarchiv zu Miersch wëllt kucke goen, hutt dir nach bis den 30. Juli nächst Joer Zäit.