Wéinst der aktueller Situatioun ronderëm de Covid-19 ass dëst Joer keng "Night of the Proms", d'Editioun 2021 ass viraussiichtlech de 25. November.

Wéi d'Coque en Dënschdeg wësse gedoen huet, ass dëst Joer keng Night of the Proms - den Evenement gëtt op dat nächst Joer verluecht. Gronn ass déi ablécklech Situatioun ronderëm de Coronavirus. No laangen Iwwerleeunge wier een zum Schluss komm, dowéinst d'Editioun 2020 ze reportéieren.

D'Kënschtler, déi sech fir dëst Joer ugemellt haten, bleiwen dem Evenement erhalen a wäerten dann och d'nächst Joer an der Coque optrieden. Wie genee optrëtt, ass bis elo nach net bekannt a gëtt zu engem méi spéiden Ament kommunizéiert.

D'Billjeeën, déi well fir d'Editioun 2020 kaaft goufen, bleiwen fir d'Night of the Proms d'nächst Joer weider gëlteg. Leit, déi eebe well een Entréesticket hunn, brauche keen neie méi ze kafe respektiv en alen duerch en neien ze ersetzen. Viraussiichtlech ass den Evenement donneschdes de 25.11.2020.