Frënn vun der däitscher Rechtschreiwung dierft interesséieren, dass dëse Mëttwoch en neien Duden erauskënnt.

D’Versioun vun 2017, déi sech ëmmerhin iwwer 650.000 Mol verkaf huet, gouf nees iwwerschafft, mat engen 3.000 zousätzleche Wierder.

Den Duden reegelt beispillsweis elo och Wierder wéi "Facebook-Gruppe", oder "Zwinkersmiley".

Op de ronn 1.300 Säite fënnt ee bedéngt duerch d'Corona-Pandemie och eng Rei nei Wierder wéi "Shutdown" oder "Lockdown" a "Social Distancing". Duden betount awer ganz kloer, datt et kee Corona-Duden ass. Och wann nach weider Wierder wéi "Reproduktionszahl", "Ansteckungskette", "Intensivbett" an "Atemschutzmaske" nei am Duden sinn.

Coronavirus a Corona stoung souwisou schonns am Duden dran.

Och bei aneren Theme wéi Klima/Ëmwelt, Technik a Geschlechtergerechtegkeet wiere vill Wierder bäikomm, déi ee mëttlerweil berécksiichtege muss.

Och vill nei Wierder am Duden sinn duerch Trends oder Debatten entstane wéi zum Beispill: Alltagsrassismus, bienenfreundlich, Chiasamen, Dieselaffäre, Erklärvideo, Fridays for Future, Gendersternchen, Hatespeech, Influencer, Klimanotstand, Ladesäule, Masernimpfung, Netflixserie, oldschool.

An Zäite vun Digitaliséierung hofft een, dass den Duden sech wuel esou gutt verkeeft wéi déi leschte Kéier, sot d'Leederin vun der Redaktioun, d'Kathrin Kunkel-Razum, der dpa zu Berlin.

Den Online-Duden gëtt nämlech och ëmmer méi beléift. Esou gräife ronn 12 Miliounen Notzer am Mount op d'Duden-Websäit zeréck.