De Sänger a Gittarist Trini Lopez ass en Dënschdegam Alter vun 83 Joer zu Palm Springs un de Suitte vun der Longekrankheet Covid-19 gestuerwen.

Dat hu verschidden amerikanesch Medien gemellt. Si beruffe sech op Aussoe vu sengem Frënd a laangjärege Geschäftspartner Joe Chavira.

Den Trini Lopez gouf bekannt duerch de Kultsong "If I had a hammer". Entdeckt gouf hien an engem Nightclub zu Hollywood, dëst vu kengem geréngere wéi dem Frank Sinatra, deen hie bei senger Plackefirma "Reprise Records" ënner Kontrakt geholl huet.

Seng Interpretatioune vu Lidder wéi "If I had a hammer", "Lemon Tree" oder "La Bamba" sinn an den 1960er Joren zu Hits ginn. En huet Dosenden Alben opgeholl, hat Optrëtter zu Las Vegas an ass weltwäit op Tour gaangen. En huet och och an Hollywood-Filmer matgespillt, dorënner de Krichsfilm "Das dreckige Dutzend" vum Robert Aldrich.