Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Kulturliewe presentéiert an engem neien "art-eckege" Format.

D'Eugénie Dutreux-Pescatore war eng Lëtzebuerger Konschtmäzenin aus dem 19. an 20. Joerhonnert. 1902 huet si an hirem Testament der Stad Lëtzebuerg en Don vun 200.000 Frang hannerlooss. Domadder sollt e Museksconservatoire zu Lëtzebuerg finanzéiert ginn. 1906 ass dee Conservatoire, dee spéider de Spëtznumm „Quatsch" krut, an der Rue du St. Esprit an der Stad opgaangen a konnt 300-400 Schüler empfänken. Haut ass an dësem Gebai de Luxembourg City Museum.

D'Lou Koster, eng vun den éischte Komponistinnen an der Lëtzebuerger Museksgeschicht huet sech 1906 mat 17 Joer an den nei gegrënnte Conservatoire ageschriwwen. D'Lou Koster hat zu där Zäit an och an hirem spéidere Liewen keng einfach Positioun. Als Fra gouf si staark benodeelegt an ass och zum groussen Deel am Concertsliewen ignoréiert ginn. Schonn no 2 Joer huet d'Lou Koster am Conservatoire Piano a Gei enseignéiert als sougenannte Monitrice. Eng Plaz, déi ganz schlecht bezuelt war. Eréischt no 13 Joer krut si d'Pai vun enger Museksproff.

1895: D'Gebridder Lumière hunn de Cinematograph erfonnt an domat war offiziell de Kino gebuer. Hiren éischte Film huet ongeféier 1 Minutt gedauert a weist Aarbechter, déi aus enger Fabrick kommen. D'Stommfilm-Ära zu Lëtzebuerg huet d'Lou Koster vun Ufank bis zum Schluss materlieft an huet zesumme mat hire Schwëstere Lina a Laure d'Filmer an de Kinoe musikalesch begleet. Déi Geleeënheet huet si deemools awer och genotzt, fir hir eege Stécker ze spillen, allerdéngs ouni, datt dat groussaarteg opgefall ass.

Déi zäitgenëssesch Musek huet d'Lou Koster net interesséiert. Hir grouss Leidenschaft war d'Musek vun der Romantik, eng Stilrichtung aus dem 19. Joerhonnert. Hire Liiblingskomponist war de Franz Schubert.

D'Lou Koster wollt eng populär Komponistin sinn an huet dofir och virun allem Märsch, Operetten a Lëtzebuerger Lidder komponéiert. Hir war et net wichteg, d'Rad nei ze erfannen, mee dat ze vermëttelen, wat si an der Musek esou gär hat. Mat 32 Joer hat d'Lou Koster hiren Debut mat der Operette „An der Schwemm", fir déi de Batty Weber de Libretto geschriwwen hat. An der Nokrichszäit ass si awer erëm an de Vergiess geroden. Et gouf roueg ëm d'Komponistin.

Mat der Iddi, Lëtzebuerger Lidder ze spillen, huet d'Lou Koster an de 1960er Joren de Vokal-Ensemble „Onst Lidd" gegrënnt, deen awer quasi just hir Wierker gesongen huet.

Hire gréisste Succès huet si eréischt am héijen Alter erlieft. 1972 ass „Der Geiger von Echternach" an der Basilika opgefouert ginn. Kuerz dono ass d'Lou Koster mat 84 Joer gestuerwen. Si huet 300 Wierker hannerlooss, mä nëmmen 46 dervu sinn zu Liefzäite verëffentlecht ginn.

„Wann ech e Mann gewiescht wier, dann hätt ech et mi einfach gehat." Markant Wierder vun der Lëtzebuerger Komponistin Lou Koster.

Art Eck - ëmmer freides um 19h50 op RTL Télé Lëtzebuerg an am Replay op rtl.lu.