Um Deck vum City-Sightseeing-Bus huet d'Museksgrupp "Schëppe Siwen" de Leit ee Pop-Up-Concert ugebueden.

Well d'Museksgruppe wéinst där aktueller Corona-Pandemie keng Concerte spille kënnen, huet sech déi lëtzebuergesch Museksgrupp "Schëppe Siwen" een Alternativkonzept ausgeduecht. Als Iddi hu se zesumme mat Sales-Lentz an dem Kulturministère decidéiert, ee Pop-Up-Concert op engem Hop-On-Hop-Off-Bus an der Stad ze spillen.

Gespillt gouf bei verschiddenen Arrêten ewéi bei der Philharmonie. D'Initiativ gouf eben ëmgesat, fir d'Museksgrupp wärend der Corona-Pandemie ze ënnerstëtzen an ze fërderen.

"Schëppe Siwen" ass eng lëtzebuergesch Museksgrupp, déi keltesche Folk-Rock op Lëtzebuergesch spillen. D'Grupp ass am Joer 2009 gegrënnt ginn. Wärend der Faart kruten d'Leit dann och déi néideg Erklärungen iwwer d'Stad. D'Leit kruten am Kader vum Tour duerch d'Stad awer och eppes ze drénken. D'Produite goufe vu verschiddene Kellereien a Brauereien aus dem Land zur Verfügung gestallt, fir de Leit eben hir Produite méi no ze bréngen.

D'Optrëtter hunn ongeféier eng 30 Minutte gedauert. D'Leit ware vun där Initiativ begeeschtert.

An deem Kontext huet d'Museksgrupp dann och profitéiert, en neie Videoclip vun hirem Lidd "Weltrees" ze dréinen. D'Leit hoffen, datt an Zukunft nees eng änlech Initiativ organiséiert gëtt.