E Mëttwoch kënnt de neie Film vum Christopher Nolan, Tenet, eraus. Et ass den éischte Blockbuster,deen am Kino rauskënnt zanter dem Ufank vun der Pandemie.

An et gëtt gehofft, dass dëse Film och d'Industrie erëm un d'Starte bréngt. Zanter dem Ufank vun der Corona-Pandemie si relativ wéineg Filmer vun dëser Envergure an de Kinoe verëffentlecht ginn. Aner Blockbusteren, déi dëst Joer geplangt waren, hunn et anescht gemaach. Sou wéi zum Beispill de leschten James Bond "No Time to Die", deen am Abrëll sollt rauskommen an schliisslech op November verréckelt gouf, oder "Mulan", wat elo digital op der Streaming-Plattform "Disney+" verëffentlecht gouf an net am Kino.

Nodeems "Tenet" e puer Mol scho verréckelt gouf, ass e Mëttwoch de groussen Dag. De Blockbuster, mat engem Budget vun 200 Milliounen, ass eng Mëschung tëscht Science-fiction an Espionnage a soll, sou wéi een et vum Christopher Nolan kennt, erëm fir Iwwerraschunge suergen an engem de Kapp zerbriechen. Een Zuschauer aus Südkorea, deen de Film scho gesinn huet, huet gesot, dass de Film 10 mol méi schwéier ze verstoe wier, wéi "Inception", Film vun 2010 vum Christopher Nolan mam Leonardo DiCaprio an der Haaptroll.

"Tenet" gouf a 7 Länner gefilmt an den John David Washington spillt do d'Haaptroll nieft ënnert anerem de Robert Pattinson, deen am neie Batman-Film, deen 2021 erauskënnt, d'Haaptroll huet.

A ville Länner sinn d'Kinoen erëm op, dat awer mat Anhale vun de Corona-Mesuren, wat verhënnert, dass d'Säll komplett gefëllt wäerte sinn.

Trotzdeem erhofft ee sech, dass de Film ee Succès wäert sinn, well de Christopher Nolan an der Filmindustrie als "Filmgenie" gëllt an och als Garant fir Erfolleg. Dat gesäit een och u senge Filmer, wéi zum Beispill d'Batman-Trilogie, déi méi wéi 4 Milliarden Dollar erabruecht huet, oder "Dunkirk" dee 426 Milliounen Dollar Benefice erabruecht huet.

Aner Filmer wéi "Inception" oder "Interstellar" haten och ee Risenerfolleg weltwäit.