Les Jardins de Wiltz ass en idyllesche Kader wou Mënschen der Natur kënne ganz no kommen.

Wann een do Musek héiert, leeft grad e Concert am Kader vum "Garden Sounds". Garden Sounds ass e klenge Festival vun der Wëlzer kultureller ASBL : "Cooperations asbl". RTL war e Samschdeg den Owend um éischte Concert mat dobäi.

Waasser, Planzen, Blummen, Beem a Musekstéin vermësche sech an de Jardins de Wiltz. De Wëlzer Festival leeft dëst Joer net. Musek steet trotzdeem zu Wolz um Programm.

E Samschdeg den Owend louch de Schwéierpunkt mam Remo Cavallinin Trio op Soul Musek, dat huet och fir e gemittlechen Owend gepasst.