Déi lëtzebuergesch Singer-Songwriterin "Zaryah" wunnt zanter engem Joer zu Los Angeles, dat fir hire groussen Dram ze verwierklechen.

Op de grousse Büne stoen an de Public mat der eegener Musek begeeschteren. Dat ass den Dram vum Zaryah. Mëttlerweil kënnt si schonn op 4 Millioune Streams op alle kënnege Plattformen zesummen.

Schonn als Kand huet d’Zaryah sech fir d’Musek interesséiert. Mat Pianos- a Gittarscoursen ugefaangen, huet si awer séier gemierkt, dass hir gréisst Passioun de Gesang wier. Am Alter vu 14 Joer huet si dowéinst och schonn an de Foussgängerzonen zu Lëtzebuerg hir eege Lidder gespillt. D’Texter waren deemools wéi haut vun hir selwer.

"Säitdeem ech kleng sinn, hunn ech ëmmer Notizbléck voll geschriwwen, mat Gedichter, Fantasien oder Gedanken [...] iergendwann huet sech dat dunn a Lidder ëmgewandelt an dee Moment, wou dat éischt Lidd geschriwwe war, wosst ech, dass et einfach Musek wier, dat ech wollt maachen.", sou d'Musekerin.

© Zaryah

Mat engem klengen Ëmwee iwwer Brisbane an Australien, wou déi 23 Joer jonk Musekerin studéiert huet, ass si duerch en Zoufall zu L.A. gelant. Eigentlech sollt si just eng Frëndin do besichen, ma huet an deenen zwou Wochen Openthalt direkt hir momentan Produzente kennegeléiert an e Lidd opgeholl. Duerno war fir si kloer, dass L.A. déi nei Wunnplaz gëtt. Zanter annerhallwem Joer wunnt a schafft si deemno och elo do. De momentane Projet ass en Album. Déi éischt Single doraus nennt sech "Invite".

D’Museksrichtung vum Zaryah bezeechent si als alternative Pop an RnB. Hire But wier et, esou d’Kënschtlerin selwer, hir éierlech Gefiller an de Lidder ze verschaffen an domat dann och déi richteg Leit ze erreechen.

D’Hoffnung, dass déi momentan Situatioun sech geschwënn bessert a si och erëm live optriede kann, ass do. An och wa si elo zu L.A. wunnt, hir Heemescht wier nach ëmmer Lëtzebuerg an dowéinst wier et och e groussen Dram vun hir, emol hei opzetrieden an am léifsten an der Rockhal.