An der belscher Stad gouf zanter méi wéi engem Joerhonnert nom Häerz vum Pierre David, éischte Buergermeeschter vun der Stad, gesicht.

Vill Leit sinn dovun ausgaangen, dass dat Ganzt eng Legend wier, mä elo gouf bei Renovatiounsaarbechten eng Këscht mam Numm vum éischte Buergermeeschter fonnt, déi och d'Häerz soll iwwert 180 Joer geschützt hunn.

D'Këscht gouf bei der Renovatioun vun engem Sprangbuer fonnt. De Pierre David war Buergermeeschter vun 1798 bis 1839, Joer vu sengem Doud, bliwwen.

Am Joer 1880 hunn d'Autoritéiten dunn decidéiert, säin Häerz an engem Sprangbuer ze verstoppen an sou ass d'Legend och entstanen. D'Këscht gouf nach net opgemaach.

De Pierre David war Buergermeeschter wärend der belscher Revolutioun a wéi d'Land onofhängeg ginn ass. Hien ass mat 68 Joer gestuerwen an d'Autoritéiten hunn dunn decidéiert, säin Häerz ze halen, wat dozou gefouert huet, dass iwwert d'Joerzéngten ëmmer erëm spekuléiert gouf, wou d'Häerz sollt sinn.