Wien dëser Deeg duerch Essen trëppelt, gesäit eventuell eng Affiche, déi em kënneg virkënnt.

E rosa Hannergrond, eng staark geschminkte Persoun, e Kondom, den Text "Don't stop passion, stop AIDS" ("Stoppt net d'Passioun, stoppt den AIDS") an "Le préservatif vous préserve du SIDA, pas du plaisir". Dee Poster huet d'Agence COMED 1996 fir de Gesondheetsministère entworf.

Haut, méi wéi 20 Joer méi spéit, hänkt en uechter déi däitsch Stad Essen, wéi dem Kommunikatiouns- a Publicitéitsmagasin Adada opgefall ass. D'Affiche vun der deemoleger Sensibilisatiounscampagne vum Lëtzebuerger Gesondheetsministère krut en 2. Liewen duerch "Rettet die Liebe!", eng Ausstellung vum Musée Folkwang iwwer international Plakater géint Aids.

Am 21. August startet die Ausstellung „Rettet die Liebe! Internationale Plakate gegen AIDS“ und wir stecken mitten in...

Posted by Museum Folkwang on Thursday, 6 August 2020

Mat ronn 180 Plakater vu 5 Kontinenter wëllen d'Curateure vun der Ausstellung weisen, "wéi ënnerschiddlech a verschiddene kulturellen a reliéise Gemeinschafte visuell a kommunikativ mat der HIV-Infektioun ëmgaange gouf a gëtt".

Et kann een d'Expo zu Essen nach bis den 29. November kucke goen.