Deen an Däitschland bekannte Cartoonist Uli Stein ass elo zu Hannover am Alter vun 73 Joer gestuerwen.

Dat huet seng Fondatioun fir Déieren an Nout um Freideg matgedeelt.

Seng Cartoons hunn dacks Alldagssituatioune mat Déierefiguren duergestallt. Zënter 1984 goufen déi thematesch gesammelt beim "Lappan-Verlag".