Zanter 20 Joer bitt de Gare Art Festival dem Public all Summer d'Méiglechkeet, Kënschtler live beim Schafe vu Skulpturen iwwert d'Schëlleren ze kucken.

Dës gi spéiderhin an der Stater Gare ausgestallt. Den 20. Jubiläum vum Festival sollt dëst Joer extra grouss gefeiert ginn, ënnert anerem mat engem Skulptureparcours duerch déi ganz Haaptstad. Ma och des Pläng goufe vum Covid-19 duerchkräizt. Ganz op deen traditionelle Festival verzichte muss de Public awer och dëst Joer net.

Eng Kompositioun aus Inox-Stol a belschem Blosteen, eng Skulptur aus Holz.... Gewéinlech ass d'Ausstellung an de Gebailechkeete vun der Gare ganz eenheetlech, ma am Kader vun dëser spezieller Editioun vum Gare Art Festival ginn et dëst Joer ganz verschidde Konschtwierker aus diverse Materialien ze bestaunen.

Si hätt en Appell u sämtlech Kënschtler zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun gemaach, seet d'Florence Hoffmann, artistesch Direktesch vum Festival: "Also net nëmme Sculpteuren, mä och Moler oder konzeptuell Kënschtler, fir eben och dann d'Iddi vun enger Installatioun anzebréngen."

5 Lëtzebuerger an ee belsche Kënschtler koumen deem kuerzfristegen Appel à candidatures no an och d'Florence Hoffmann, déi selwer Sculptrice ass, huet sech spontan dozou entscheet, fir eent vun hire Wierker hei auszestellen. "Et ass eng Hymn un de weibleche Kierper", erkläert d'Kënschtlerin, "et ass awer och d'Fro vun der Feminitéit, vun der Roll vun der Fra, vum Fraekierper, wéi mer, jee nodeem, heiansdo just dozou reduzéiert ginn."

Zum Plang B vun den Organisateure gehéiert och eng virtuell Expo op Facebook an Instagram vum Gare Art Festival, wou et all Dag eng nei Skulptur z'entdecke gëtt, vu Kënschtler vu Lëtzebuerg, awer och aus der ganzer Welt.

D'Skulpturen an Installatiounen an der Stater Gare kann een nach bis 25. September kucke goen. Déi 7 Wierker stinn iwwerdeems och zum Verkaf.