Mam Projet "Ars Electronica Esch2022 Luxembourg Garden" wëll d'EU-Kulturhaaptstad en Zougang zur digitaler Konscht schafen, iwwer d'Grenzen ewech.

Vum 9. bis den 13. September ass am éisträichesche Linz de Festival fir elektronesch Konscht, d'Ars Electronica. De Konscht-Projet a gläichzäiteg och éischt Kollaboratioun, déi Esch2022 an deem Kader lancéiert, markéiert dobäi eng laangfristeg Zesummenaarbecht mat engem Zil: Nach méi Mënschen och fir dës Aart vu Konscht ze sensibiliséieren.

Um "Ars Electronica Esch2022 Luxembourg Garden" gëtt deemno en interaktive Multimedia-Programm presentéiert, deen d'Vergaangenheet, d'Géigewaart an eng méiglech Zukunft vun der fréierer Industrieplaz Belval weist. Um Terrain vum Héichuewen A gëtt an der Zäit d'Installatioun "Anywhere" vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin Mary-Audrey Ramirez gewisen. D'Kultur-Interesséiert kënnen d'Installatioun an d'Performance-Presentatioune mat Hëllef vu multimedialer Technik a Form vu "GoPro"-Kameraen och baussent dem Belval erliewen, änlech wéi bei engem Videospill. En authentescht Erliefnes deemno fir d'Visiteure vum Festival zu Linz.

D'Ausstellung ass wärend der ganzer Festivaldauer vum 9. bis den 13. September op, vun 11 bis 18 Auer.

D'Interaktioun tëscht Linz a Belval kann ee matsuivéieren an der Annexe22 zu Esch, wou 10 "Live-Gaming-Sessions" op grousse Bildschiermer iwwerdroe ginn.

Wat ass den Ars Festival?

Dëse Festival zu Linz ass dee gréisste Festival fir Konscht, Technik a Gesellschaft an Europa a lieft vun der digitaler Vernetzung mat der ganzer Welt. 1979 gouf d'"Ars Electronica" eng éischte Kéier organiséiert. Antëscht si ronn 1.000 Kënschtler(innen) a Wëssenschaftler(innen) aus iwwer 40 Länner bei der Gestaltung vum Programm bedeelegt.

Dëst Joer gëtt de Festival an 100 verschiddene Länner realiséiert, dorënner Los Angeles, Berlin, London an och Tokyo.