Si ass am Alter vun 92 Joer no engem Malaise gestuerwen. Dat huet d'Niess vun der Sängerin matgedeelt.

Iwwer 700 Lidder huet d'Annie Cordy erausbruecht, dovunner op d'mannst 40, déi op de franséischen a belsche Radiosender erop an erof gelaf sinn.

D'Annie Cordie, mam richtegen Numm Léonie Cooreman, gouf de 16. Juni 1928 zu Laeken, nërdlech vu Bréissel, gebuer. Hir Karriär als Kënschtler huet 1944 ugefaangen am 1948 huet si hiren éischte grousse Kontrakt bei engem renomméierte Cabaret zu Bréissel ënnerschriwwen. 2 Joer méi spéit koum si op Paräis, wou si dann och ugefaangen huet, nieft de Revuen, Musek ze maachen. 1952 hat si da souguer eng éischte Kéier eng Roll an engem Film, dem "Si Versailles m’était conté ". 1974 krut si fir hir Chanson "La Bonne du Curé" direkt zwee Mol den "Disque d'or".

De 4. September ass d'Entertainerin am Alter vun 92 Joer an der Géigend vu Cannes, wou si hir Pensioun verbruecht huet, gestuerwen.