Dem Edward Steichen seng berüümten Ausstellung Family of Man ass zanter 1994 am Schlass zu Klierf ausgestallt.

Si zitt vill Touristen an d'Cité de l'image. D'Geschäftsleit bedaueren awer, dass verschiddener ouni se gesinn ze hunn heem ginn, well d'Ausstellung net ëmmer op huet.

D'Ausstellung Family of Man ass fënnef Deeg d'Woch ëmmer mëttes fir jeeweils sechs Stonne fir de Public op. Am Januar an am Februar ass se zou, fir ustoend Restauréierungsaarbechten ze maachen. D'Geschäftsleit zu Klierf bedaueren, dass dës begrenzt Auerzäiten et verschiddene Touristen net méiglech mëscht se kucken ze goen.

D'Anne Allard, Bäckerei Beim Luss:

Mir hunn ganz oft Clienten, déi era kommen an da si se iwwerrascht, dass zou ass.

De Jean-Claude Gindt, Hotelier:

Mir hunn oft Leit, déi dann eben op eng aner Plaz fueren, well hei eis Nummer 1 vun den Ausstellungen zou ass, wat schued ass.

D'Anne Allard, Bäckerei Beim Luss:

Di misst dat ganzt Joer iwwer op sinn, fanne mir schonn. Klierf ass jo awer eng Touristestad an d'Leit kommen eben dat ganzt Joer op Klierf.

De CNA als Aussteller betount, dass si eng duebel Missioun hunn. Si wëllen engersäits de Patrimoine vum UNESCO-Weltierwe conservéieren. Anerersäits soll dësen awer och valoriséiert an dem Public accessibel gemaach ginn.

De Paul Lesch, Direkter CNA:

Mir hunn no engem Kompromëss gesicht, fir gläichzäiteg fir déi nächst Generatiounen déi Expo hei an och eis aner Objeten, déi mir an eisen Archiven hunn, gutt ze conservéieren, dass si och a puer Generatiounen nach kënne gekuckt ginn. A gläichzäiteg awer si mer immens houfreg op dat, wat mir hei hunn an et wier och schued, wann mer et net géife weisen.

Trotzdeem wieren d'Fotoen extrem liichtempfindlech a misste geschützt ginn, wat et net erméiglecht 7 Deeg op 7 op ze sinn. Méiglech Léisunge wiere Kopien ophänken oder eng Glaswand virun de Fotoen unzebréngen. Domat géif zwar de Message erhale bleiwen, mee d'Originalausstellung net respektéiert ginn.

D'Visiteure vun der Ausstellung hu Versteesdemech fir béid Point de Vuen.

Dem Edward Steichen säin humanistesche Message, dass mer all trotz Ënnerscheeder gläich sinn, bleift och no esou ville Joren nach aktuell.