150 Joer al ass d'Gebai, datt op Demande vum jüddesche Consistoire 2018 an de Besëtz vun der Gemeng Ettelbréck iwwergaangen ass.

Europawäit gëtt dëst Joer Sonndeg déi 20. Editioun vun de "Journées européennes de la culture et du patrimoine juif" gefeiert.

D'Gemeng Ettelbréck war e wichtegen Zenter vun der jiddescher Communautéit zu Lëtzebuerg.

Dat weise nieft dem Kierfecht och aner Zäitzeien aus Steen.

An der Rue Waarken steet nach eng al Schoul an niewendrun eng Synagog.

Haut ass d'Gemeng Besëtzer vum Gebai,wat bannenan vun den Nazien zerstéiert gouf.

Ëm d'Renovéierung këmmert sech d'ASBL "Al Ettelbrécker Synagog" zesumme mat Sites et Monuments.

D'Synagog ass ee Monument national a steet als Zätzeien am Mëttelpunkt vun de "Journées européennes de la culture et du patrimoine juif".