Fir den Ofschloss vun eiser Serie iwwert d'Weltausstellunge gi mer der Fro no, wéi eng Zukunft d'Expoen hunn.

Serie Weltausstellungen (4) - Wéi gesäit d'Zukunft aus?

Zanter ronn 170 Joer ginn et d’Weltausstellunge schonn. Nieft Dubai 2021 sinn och schonn déi 2 Expoen dono geplangt, zu Buenos Aires an Argentinien an zu Osaka a Japan. Sënn an Zweck dovun ginn ëmmer erëm a Fro gestallt. Wéi gesäit d’Zukunft also aus fir d’Weltausstellungen?

Datt dat Digitaalt ëmmer méi eng grouss Roll och bei den Expoe wäert spillen, huet ee schonn 2010 zu Shanghai gesinn, wou fir déi, déi net dohi reese konnten, en Online-Format vun der Weltausstellung en place gesat ginn. Dat wäert sécherlech och an Zukunft nach ausgebaut ginn. An den Ae vum Jean-Luc Mousset, dee Curateur vun enger Expo iwwert d'Geschicht vu Lëtzebuerg op de Weltausstellunge war, wäerten dës och an Zukunft nach hire Wäert hunn:

D'Weltausstellung ass de gréisste Lieu de communication globale, deen et gëtt, wou souvill Leit aus verschiddene Géigenden op eng Plaz kommen, wou souvill matenee geschwat gëtt. Et ass eng Vitrinn, wou ee sech no bausse schéin duerstelle kann.

D'Kommissärin fir d'Weltausstellung nächst Joer zu Dubai, d'Maggy Nagel schwätzt vun enger grousser Opportunitéit fir e Land:

Um wirtschaftlechem Deel ass et wichteg, iwwert eng Weltausstellung d'Relatiounen, déi een hat ze erneieren an ze kräftegen. Donieft ass et och wichteg, datt déi politesch Relatioune weiderlafen. Mee och déi kulturell, well d'Kultur ass jo dee Wee, wou een am einfachsten, ouni d'Sprooch ze kënnen, ganz flott Geschichte kann erzielen.

Fir den Directeur artistique vun der Expo zu Lissabon 98, João Paulo Feliciano, ass et kloer, datt déi politesch an ekonomesch Ziler ëmmer Deel vun de Weltausstellunge wäerte sinn. A sengen Aen dierfe se awer net d’Prioritéit sinn:

Et mécht nach ëmmer Sënn, fir Weltausstellungen ze organiséieren. D’Fro, déi ee sech stelle muss, ass: Firwat gi se organiséiert a wéi? Dat ass déi grouss Fro: Wisou gëtt et zu Lissabon gemaach? A wisou zu Dubai? Mee ganz éierlech: ouni de ganze Blödsinn, ouni Zynismus an de ganze politesche Blödsinn. Firwat?

Den Architekt Jim Clemens hat de Pavillon 98 zu Lissabon entworf an hat och e Projet fir d'Expo zu Dubai agereecht. Fir hie ginn et puer interessant Volete bei de Weltausstellungen:

Wéi gi mer mat souvill Leit op der Welt eens, wéi gi mer ënnerteneen eens? Dat sinn Themen, déi een op sou Plaze kann adresséieren. Op déi Manéier ass et ëmmer ganz flott, un esou engem Debat deelzehuelen. Och wann et drëm geet, sech als Land virzestellen, wéi positionéiert ee sech als Land? An als Architekt ass et och interessant ze gesinn, wat déi aner gemaach hunn, wéi se mat engem änlechen Thema ëmgaange sinn a wéi eng Ausdrocksméiglechkeeten se fonnt hunn, fir hiert d'Land ze presentéieren. Dat ass eng flott Erausfuerderung.

Duerch déi aktuell sanitär Kris stellt sech jo souwisou d’Fro, wéi sou grouss Evenementer an Zukunft kënnen organiséiert ginn. 25 Millioune Visiteuren huet ee sech Ufanks fir Dubai erwaart – op dat nächst Joer tatsächlech méiglech ass, bleift ofzewaarden.

Aner Deeler aus eiser Serie