D'Stad Lëtzebuerg organiséiert an dësem Kontext Touren, bei deenen erkläert gëtt, wéi de Patrimoine protegéiert a geréiert gëtt.

Zanter dem Joer 1994 zielen déi al Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg an d'Festungsmaueren zu den Unesco-Sitten. Dëse besonnesche Label soll en Dënschdeg um "Solidaritéitsdag vun de Stied vum weltwäite Patrimoine" promovéiert ginn.

Unesco-Weltkulturierwen / Reportage Monica Camposeo

D'Stad Lëtzebuerg organiséiert dowéinst Touren, bei deenen erkläert gëtt, wéi de Patrimoine protegéiert a geréiert gëtt. Den Unesco-Sigel ass en offizielle Label, deen och Mesuren a Reegele mat sech bréngt. Esou mussen zum Beispill Guiden, déi Unesco-Circuiten ubidden, forméiert ginn. Ausserdeem ginn d'Bauaarbechten op den eenzele Sitte streng iwwerwaacht, fir dass de Patrimoine a senger Integralitéit erhale bleift.

De Robert Philippart ass Unesco Site Manager am Kulturministère a weess, op wat bei Bauaarbechte muss opgepasst ginn. De Projet fir e Lift vun der Place de la Constitution erof an d’Péitruss muss zum Beispill vu verschiddenen Instanzen, dorënner och der Unesco-Kommissioun, gepréift ginn.

De Patrimoine soll authentesch an integer bleiwen. Ma esou e Label bréngt awer net nëmme Flichte mat sech, mee zitt och vill interesséiert Leit un, déi d'Stad Lëtzebuerg wëlle kenneléieren.

De Jean-Marc Weckbecker ass zanter méi wéi 10 Joer offizielle Guide vum Luxembourg City Tourist Office. Zwou Stonne laang huet hie sengem Grupp vu 9 Leit Erklärungen zum Stater Patrimoine ginn. Am Kader vum Solidaritéits-Dag huet d'Stad Lëtzebuerg iwwert de ganzen Dag Unesco-Touren ugebueden.

Touristen oder och Residenten, déi sech op d'Spuere vun der lëtzebuergescher Geschicht maachen, gouf et dës Summer-Saison awer manner wéi soss. Dat natierlech wéinst der aktueller Pandemie, huet de Guide vum LCTO Jean-Marc Weckbecker bemierkt.

Dass d'Stad Lëtzebuerg zum Unesco-Weltkulturierwen zielt, géing a normalen Zäite vill Leit unzéien. Et ass e Statut ëm deen ee sech këmmere muss, ma deen awer vill Prestige zeréckgëtt.

Weider Informatiounen zu den Unesco-Toure fënnt een um Internetsite vum Luxembourg City Tourist Office.