Virun zwee Joer hu véier Pensionären ugefaangen, an der aler Pompjeeskasär zu Nidderwolz de Pompjeesmusée vum Lëtzebuerger Pompjeesverband opzeriichten.

Dat ganzt Gebai huet misse sanéiert ginn, vum elektresche bis zum usträichen an alles, wat soss nach dozou gehéiert. Ofgesinn dovunner hu jo missen Ausstellungsstécker gesammelt ginn, wéi sech dat fir e Musée gehéiert.

Elo no iwwer 5.000 investéierte Schaffstonne kann ee soen, dass hinnen de Projet gelongen ass. Nieft der Geschicht vun dësem Beruff fënnt een hei nämlech och eng ganz Rei u seelenen Zäitzeien.