Wéi hiren Agent Simon Beresford en Donneschdeg matgedeelt huet, ass déi brittesch Actrice Diana Rigg am Alter vun 82 Joer verscheet.

International bekannt gouf si duerch hir Roll als Emma Peel an der Serie "The Avengers" ("Mit Schirm, Charme und Melone"). Wéinst dem zweedeitegen Humor an der staarker Fraeroll gouf d'Serie ëm de brittesche Geheimagent John Steed zu engem Welterfolleg.

Déi präisgekréinte Schauspillerin huet ënnert anerem och bei "Game of Thrones", "Rebecca", "Victoria & Albert" oder "Heidi" matgespillt.

Si koum den 29. Juli 1938 zu Doncaster, am Norde vun England op d'Welt. Am Alter vu 17 Joer hat si op der Royal Academy of Dramatic Art zu London hiren Debut am Stéck "The Caucasian Chalk Circle". Mat 20 gouf si Member vun der Royal Shakespeare Company.

Am Joer 1994 huet d'Diana Rigg den "theatre industry's top award" an en Tony gewonne fir hir Roll an der griichescher Tragedie "Medea". 3 Joer méi spéit gouf si mat engem Emmy Award fir hir Roll als Mrs Danvers an der Adaptatioun "Rececca" ausgezeechent.

RTL

© CENTRAL PRESS/AFP/File/-