Wéinst dem Coronavirus haten d'Theateren zanter Méint hir Dieren zou. Deemnächst ginn dës dann awer ënner strenge Sécherheetsmesuren nees op.

Mat engem Theaterfest an der Stad gouf e Samschdeg de Mëtteg déi nei Theatersaison lancéiert. D’Zil war et, déi intresséiert Leit an d’Mataarbechter aus dem Secteur zesummenzebréngen, fir eben d'Leit iwwert déi nei Saison ze informéieren. Organiséiert gouf d’Fest vun der Theaterfederatioun.

Wéinst der Corona-Kris hunn natierlech, ewéi esou vill Mënschen, och d'Leit, déi a Beruffer schaffen, déi mam Theater ze dinn hunn, gelidden. Net nëmmen d'Schauspiller, d'Regisseuren an d'Auteure konnten nämlech net schaffen, mä och vill Leit hannert der Bün, ewéi d'Peggy Wurth zum Beispill. Si ass Costumière a Presidentin vun der Associatioun vun de Professionellen an de Spectacles vivants. Mat den Hëllefen aus dem Kulturministère hätt ee sech esou just iwwer Waasser kënnen halen. Elo géif et den Theaterleit nees besser goen.

Op der Clairefontaine Plaz an der Stad goufen d’Leit e Samschdeg iwwert déi nei Theatersaison informéiert. Op verschiddene Stänn hu Vertrieder vun Theateren a Kulturzenteren déi nei Saison presentéiert. Dës steet ënnert dem Motto: Hurra wir leben. Fir den Direkter Frank Hoffmann heescht dat, dass den TNL d'Liewe feiert, natierlech am Bewosstsinn, dass et eng schwéier Zäit ass an där den Doud present ass. Dat soll och an de Stécker opgeschafft ginn, déi vum 25. September un an der Stad gewisen ginn.

Wéinst der Corona-Kris gëlle streng Oploen an den néidegen Ofstand muss an de Lëtzebuerger Theaterhaiser garantéiert ginn. A puncto Sécherheetsmesuren hu si de Choix: entweder méi Plazen, mä dofir muss all Spectateur de Mask unhunn. Oder awer: keng Mask awer dofir méi eng grouss Distanz tëscht de Still. Op alle Fall wäerten d'Spectateuren hir Plazen am Viraus musse reservéieren.

D'Leit hate beim Theaterfest och d'Méiglechkeet, sech mat de Kënschtler a Vertrieder vu Kulturinstitutiounen auszetauschen an ze diskutéieren. Domadder wollt een de Secteur nach besser promouvéieren. D’Offer vun där neier Saison wier extrem diversifiéiert.

Wärend dem Fest goufen och 3 Workshoppe fir Kanner ugebueden. Dobäi konnten d’Kanner verschidden Aspekter aus dem Secteur entdecken. De Kanner- a Jugendtheater wier dann och e wichtege Volet huet et weider geheescht.

E groussen Deel vun den Theatere wäert dann och eng Online-Offer ubidden.