De la guerre à la paix: quelle (est ton) histoire?! Wärend der leschter Woch hu sech zu Wolz Jonker mat där Fro beschäftegt.

Dat op eng éischter originell Manéier. Am Kader vun engem Graffiti-Workshop.

"D'Mënsche sollen haut net vergiessen, wéi et deemools war". De Bléck op d'Kopp iwwer Wolz gericht. D'Schluecht uewenaus um Schumannseck ass an d'Geschichtsbicher, als déi bluddegst op Lëtzebuerger Territoire agaangen. Ma Bicher si gedëlleg a vu Joerzéngt zu Joerzéngt verblatzt och d'Erënnerung. D'Grace, de Mathis, zwee Jonker, déi haut de Schumannseck mat aneren A kucken, wéi nach virun enger Woch.

Dem Jugendbüro Éislek geet et drëms, politesch Bildung erliefbar ze maachen. Eng Plaz wou Jonker mat schwätze kënnen, sech eng Meenung bilden. Wat beschäftegt si haut, 75 Joer nom Enn vum leschte grousse Krich? De Fridde bleift en Thema. Nieft kloer engem Aktualitéitssujet: der Problematik vum Rassismus.

Hir Gefiller, Emotiounen, déi déi Jonk an de Graffitien, déi den Ament zu Wolz an der Galerie Prabbeli ze gesinn sinn, fräi zum Ausdrock bruecht hunn. Dacks Detailer, déi eréischt opfalen, wann ee sech d'Wierk am Detail ukuckt, sou d'Nadine Lepage vum Jugendbüro Éislek.

E Vernissage am Kader vun deem de President vum Naturpark Uewersauer, Charles Pauly, erënnert huet, datt bannent den nächste Méint den Erënnerungspad um Schumannseck méi modern an interaktiv gestallt gëtt. Eng App soll hei zousätzlech Informatiounen an Emotiounen an Toun a Bild bréngen. Dat ganzt am Kader vum internationale Projet 'Land of Mamory'.