De Gëllene Léiw vum 77. Filmfestival Venedeg geet un den amerikanesche Film "Nomadland" vun der Regisseurin Chloé Zhao.

E Samschdeg ass déi 77. Editioun vum Filmfestival zu Venedeg op en Enn gaangen. De Film "Nomadland", vun der a China gebuerener Regisseurin Chloé Zhao, huet de wichtegste Präis vum Filmfestival vu Venedeg, de Gëllene Léiw, gewonnen, dat op der traditioneller Präiszeremonie, wärend där d'Jury - vum Cate Blanchett presidéiert - eng ganz Rëtsch vu Filmer priméiert huet, déi déi leschten 10 Deeg um Lido presentéiert goufen.

Schonn en Donneschdeg de Moien no de Pressevirféierunge war jidderengem kloer, datt de vum Chloé Zhao realiséierte "Nomadland" de wichtegste Präis géif wannen. D'Frances McDormand spillt am sensibelen Drama eng Fra - vu Rezessioun a perséinlechem Verloscht ugeschloen -, déi mat hirer Camionnette duerch d'USA reest. Zäitgläich mat der Première zu Toronto huet de Film sech zu engem fréien Oscar-Kandidat erauskristalliséiert. D'Chloé Zhao ass iwwregens domadder déi fënneft Realisatrice an der Geschicht vun der Kino-Biennale, déi de Gëllene Léiw gewonnen huet.

Filmfestival vu Venedeg / Rep. Tom Dockhal

An engem staarke Pool vun Actricen, ënnert deenen d'McDormand garantéiert dozou gehéiert huet, huet sech d'Vanessa Kirby awer konnte fir hir Roll am Film "Pieces of a Woman" duerchsetzen. Do dernieft hat si nach eng Haaptroll an engem zweete Kompetitiounsfilm: "The World to Come" vum Mona Fastvold.

Bei de Schauspiller huet dat zweet Joer hannerteneen en Italiener d'Copa volpi iwwerreecht kritt. An zwar de Pierfrancesco Favino fir seng Haaptroll am Film "Padrenostro". De Favino ass dem Lëtzebuerger Public e Begrëff wéinst dem rezente Mafia-Film "Il traditore - The Traitor" vum Marco Bellochio.

Eng Grimmel méi iwwerraschend war de Regie-Präis un de Japaner Kiyoshi Kurosawa a säi 1940er-Spiounefilm "Wife of a Spy". D'Filmer "The Disciple" vum Chaitanya Tamhane, "Dear Comrades!" vum Andrei Konchalovsky an "Nuevo orden" vum Michel Franco - vun der Kritik zum bessere Cru vun der Kompetitioun ugesinn - kruten, wann och manner wichteg, och Präisser. Den Inder krut dee vum beschten Dréibuch, de Russ de spezielle Jury-Präis an de kontroverséierte Mexikaner de grousse Jury-Präis.

Aner Favoritte vun der englesch-sproocheger Kritik, d'Lesbendrama "The World to Come" a dem Gianfranco Rosi säin Documentaire "Notturno" si mat eidelen Hänn heemgaangen. Déi 77. Kino-Biennale ass domadder eriwwer an offiziell ass net eng Covid-19-Infektioun kommunizéiert ginn.