Schonn zanter Mäerz ass d'Plattform an anere Länner wéi zum Beispill Holland oder Däitschland disponibel an elo kann ee sech och zu Lëtzebuerg abonéieren.

Disney+, wou all d'Filmer a Serië vun Disney, mä och vu Pixar, Marvel, Star Wars an National Geographic ze streame sinn, ass zënter en Dënschdeg ze Mëtteg erofzelueden.

Den Tarif vun engem Abonnement läit bei 6,99 Euro de Mount oder 69,99 Euro am Joer.

Mat dëser Plattform wëll Disney dem Trend vum Streaming nogoen a sech mat Plattforme wéi Netflix oder Amazon Prime dee Marché deelen.