"Erop" ass eng vun 8 Produktiounen vu kuerze Stécker, déi elo opgefouert ginn.

Laang waren d'Bünen eidel, de Lockdown hat all Theateren zougemaach. Fir d'Rentrée mat de ville Sécherheetsmesuren ze markéieren ass d'Initiativ "Connections" tëscht Kinneksbond Mamer an de Stater Theateren entstanen. Dozou gehéieren dräi Voleten: déi grouss Haiser stellen deene klengen hir Säll zur Verfügung, et gëtt baussen an de Stroossen "hors les murs" geschafft an et gi Commanden un Auteuren, Regisseuren a Schauspiller gemaach. An deem Kader ginn elo 8 kuerz Stécker opgefouert. Eent dervun ass "Erop", dat e Freideg an e Samschdeg zu Mamer am Kinneksbond gespillt gëtt.

"Erop"

"Erop" ass e Stéck vum Romain Butti, dee gefrot gi war e Monolog op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Am Zentrum vun "Erop" steet e Mann, dee sech am Lockdown mat ville Froen a mat all de Pläng befaasst, déi geplatzt sinn, sou och de grousse Roadtrip mat sengem Léifsten, dee wäit fort ass a net heem kann. Eng Rees déi reell ass, awer och d'Grenzen zur Fantasie sprengt. F

ir de Monolog op d'Bün ze bréngen, ass de Fabio Godinho als Regisseur gefrot ginn. Seng Contrainten: et si just 10 Deeg do fir ze prouwen an den Dekor vum Julie Conrad ass dee selwechte fir déi 8 Produktiounen.

Fräi war de Regisseur awer fir den Acteur ze wielen. De Choix ass op de Raoul Schlechter gefall, en Acteur mat deem de Fabio Godinho och scho selwer op der Bün gespillt huet.

"Erop" gëtt de selwechten Owend an am selwechten Dekor gespillt, wéi "Wie ein König" vum Guy Helminger, an enger Mise en scène vum Gintare Parulyte. Dës ganz nei Form verschidde Stécker a kuerzer Zäit opzeféieren ass wuel aus der Nout eraus entstanen. Si kéint innovativ fir d'Zukunft bleiwen, trotz de Contrainten.

D'Gintare Parulyte ass dës Woch den Invité bei "Podpurri - dem Kultur-Podcast".

D'Virstellunge sinn e Freideg 25.9 an e Samschdeg 26.9 um 20 Auer am Kinneksbond zu Mamer.