De Matgrënner vun "The Four Seasons" Tommy DeVito ass dout. De Museker ass am Alter vun 92 Joer un de Suitte vu Covid-19 am Spidol gestuerwen.

"Mat grousser Trauer" gi mir den Doud vun eisem Band-Matgrënner bekannt, sou de Message op Twitter vun de Museker Frankie Valli (86) und Bob Gaudio (77). De Museker ass e Méindeg den Owend an engem Spidol an der Géigend vu Los Angeles gestuerwen.

Den Tommy DeVito ass an de 60er Joren als Member vun der Pop- a Rockband "The Four Seasons" berüümt ginn.

Hien ass 1928 am US-Staat New Jersey an engem Aarbechter-Quartier op d'Welt komm. An de 50er Joren huet hien an e puer Bands matgespillt. Zesumme mam Francis Castelluccio, dee sech spéider Frankie Valli genannt huet, huet hien "The Four Seanons" gegrënnt, déi zu de wéinege Bands gehéieren, déi an de fréie 60er Joren an den USA de Beatles Konkurrenz gemaach hu mat Songs wéi „Sherry“, „Big Girls Don't Cry“, „Walk Like A Man“ an „Can't Take My Eyes Off You“.