Am Regierungsrot vum 23. September gouf d'Nathalie Jacoby als Nofollgerin vum Claude D. Conter proposéiert.

Nom Depart vum Claude Conter als neien Direkter vun der Nationalbibliothéik kritt de Centre national de littérature zu Miersch eng Directrice. D'Nathalie Jacoby, déi ewell och als wëssenschaftlech Mataarbechterin beim CNL geschafft huet, iwwerhëlt de vakante Direktesch-Posten, deen zanter Juli de Pierre Marson assuréiert hat.

D'Nominatioun vun der Madamm Jacoby ass e Mëttwoch de Moien am Regierungsrot guttgeheescht ginn. Besonnesch a Kultur- a Literaturkresser war d'Nominatioun vill erwaart ginn. D'Nathalie Jacoby huet zu Freiburg hiren Doktertitel gemaach an ënnert anerem däitsch Literatur a Südafrika ënnerriicht, éier si zu London als Chefredactrice bei "Antenna Audio" geschafft huet. Si war och Däitschproff am Lycée Ermesinde an zanter 2015 als wëssenschaftlech Mataarbechterin am CNL täteg.

Si ass d'Duechter vum bekannten a renomméierte Lëtzebuerger Auteur Lex Jacoby, deen 2015 verscheet ass an ënnert anerem den Institut Grand-Ducal matgegrënnt huet.

Am Mierscher Kulturhaus schaffe 25 Leit - dëst ass zanter 1994 den Zentrum fir d'Kollekt an d'Etüden iwwert alles, wat e Bezuch zum literaresche Lëtzebuerger Patrimoine huet. Den CNL huet eng Bibliothéik mat 40.000 Bicher opweises a geréiert och de Lëtzebuerger Auteure-Lexikon.

Léift Nathalie, am Numm vun der ganzer Equipe gratuléiere mir Dir fir de Poste vun der neier Direktesch vum CNL. Mir...

Gepostet von Centre national de littérature (CNL) - Lëtzebuerger Literaturarchiv am Mittwoch, 23. September 2020

Schreiwes

Nomination de Nathalie Jacoby au poste de directrice du Centre national de littérature (23.09.2020)

Communiqué par: ministère de la Culture

Dans sa séance du 23 septembre 2020, le Conseil de gouvernement a décidé de proposer à S.A.R. le Grand-Duc la nomination de Nathalie Jacoby comme directrice du Centre national de littérature (CNL). Elle prendra la relève de Pierre Marson, désigné directeur du CNL à titre intérimaire du 3 juillet au 30 septembre 2020, suite à la nomination de Claude D. Conter comme directeur de la Bibliothèque nationale du Luxembourg.

Nathalie Jacoby est titulaire d'un doctorat en lettres allemandes auprès de l'université de Fribourg-en-Brisgau. Elle a enseigné la littérature allemande e.a. à l'université du KwaZulu-Natal (Afrique du Sud) avant de rejoindre Antenna Audio (Londres) en tant que rédactrice en chef et responsable créative. Professeure d'allemand au Lycée Ermesinde depuis 2012, elle est collaboratrice scientifique au CNL depuis 2015. Nathalie Jacoby est auteure de publications consacrées à la didactique de la littérature et à la littérature contemporaine au Luxembourg.

Le CNL est un institut culturel de l'État sous la tutelle du ministère de la Culture et se compose d'une équipe d'env. 25 personnes. En tant que centre de collecte et d'étude de tout ce qui a trait au patrimoine littéraire national, le CNL remplit une mission scientifique tout en assumant une responsabilité socioculturelle par le biais de programmes d'activités didactiques, d'expositions, de conférences et d'événements littéraires. Le CNL est également à l'origine du Dictionnaire des auteurs luxembourgeois, alimenté régulièrement et mis à jour par une équipe scientifique.