D'Konschtzeen war besonnesch staark vun der Corona-Pandemie betraff.

Aktuell schaffen hei am Land 85 Leit ënnert dem Statut vum "onofhängegen Kënschtler", 202 Persoune si beim Kulturministère als "intermittents du spectacle" ageschriwwen. Och si huet d'Pandemie an den Etat de crise besonnesch haart finanziell getraff.

De Fonds Social Culturel huet dann och an den éischten 8 Méint vun dësem Joer 3 Milliounen Euro un Hëllefen a Subsiden ausbezuelt. Virzejoert louch dee Chiffer op am Ganzen och 3 Millioune fir e komplett Joer.

Interessant sinn d'Definitiounen: Iwwerdeems den onofhängegen Artist souzesoen als Freelance schafft, ass hie fest un eng Firma ralliéiert, déi kulturell Events organiséiert. Den Intermittent du spectacle ass dogéint net als Freelance ze consideréieren a kritt fir seng Prestatiounen e Cachet vu sengem Patron.

Dës Explikatiounen huet d'Kulturministesch Sam Tanson rezent den Deputéierten aus der Chamberkulturkommissioun ginn. Ewell am Februar zejoert hat d'CSV eng Orientéierungsdebatt iwwert de Plan de Développement Culturel (KEP) gefrot, dee vun 2018 bis 2028 leeft. D'Djuna Bernard vun deene Grénge soll dës Aarbechten en vue vun esou enger Debatt lo leeden.
Virdru sinn awer nach de 26. Oktober, d'Assises Culturelles, fir op d'Doleancen aus dem Secteur kënnen anzegoen.