Zanter 2016 gëtt et de Projet Talent LAB. D'Grondiddi ass, neien Talenter aus Lëtzebuerg, eng besser Begleedung, Betreiung an Ënnerstëtzung ze bidden.

Mëttlerweil ass et eng wichteg Plattform fir jonk Kënschtler a Kënschtlerinnen aus dem Beräich Theater, Oper an Danz. Fir d’Rentrée gouf de Projet “TalentLAB goes Fëschmaart” kreéiert. An 3 Gruppen opgedeelt, hu sech Kënschtler aus verschiddene Beräicher zesummegedoen a sinn an de leschte Méint op den Terrain gaangen. Dat fir Temoignagë vun Awunner aus der Stad ze sammelen. Inspiréiert um Sproch “Mir wëlle bleiwe wat mir sinn”, deen ee jo um Fëschmaart erëmfënnt - an dohier kënnt dann och den Numm vum Projet.

De Spektakel ass an 3 Deeler opgedeelt, all Kéier 15 Minutten.

D’Geschichten, déi déi verschidde Gruppen erzielen, si ganz ënnerschiddlech, genee sou wéi déi eenzel Quartieren ëm déi et geet. De Garer Quartier, de Kierchbierg an de Pafendall.

E Samschden an e Sonnden am Nomëtten kann een de Projet “TalentLAB goes Fëschmaart” da kucke goen. Wien Interessi huet, soll sech awer bäimaachen, ëmmerhi ginn et just 80 Plazen a wéi si selwer soen, gëllt de Prinzip: den Éischten ass vir.