An der Annexe 22 op der Escher Brillplaz kann een nach bis den 23. Oktober sou munch Atelieren entdecken.

D'Frichen vun Arbed Diddeleng. D'Gebaier hei um Site sinn Zäitzeien vun der Stolindustrie. Wat 1882 ugefaangen huet, goung 2002 mat der Fusioun zur Arcelor op en Enn. D'Schmelzaarbechter hu wärend Jorzéngten fir de Räichtum zu Lëtzebuerg gesuergt. Responsabel dofir waren souwuel Mënschen aus dem Grand-Duché ewéi och Migranten.

Virun allem aus Italien koumen vill Leit op d'Schmelz schaffen. Em 1910 waren et der ronn 10.000. Nom 2.Weltkrich, ëm 1955 hunn 11.000 Italiener zu Lëtzebuerg gelieft. Doduerch sinn och déi typesch Aarbechter-Quartieren entstanen. Ewéi de Quartier Italien zu Diddeleng.

Am Kader vun Esch 2022 ass een un de Geschichten aus dem Liewen vun dëse Leit am Minett intresséiert.

Jiddereen, deen am Minett gelieft a geschafft huet, ka sech un dësem Projet bedeelegen a seng perséinlech Geschicht erzielen.