Den neien James-Bond-Film kënnt fréistens am Abrëll 2021 an d'Kinoen. D'Produzente vun "No Time To Die" hunn domadder de Start op en Neits verréckelt.

U sech hätt de Film den 31. Mäerz dëst Joer zu London seng Première feieren an duerno weltwäit an de Kinoe starte sollen. Wéinst der Corona-Pandemie war de Kinosstart dunn op November verréckelt ginn. Och dëse Rendez-vous kann net méi anhale ginn. De Start ass elo fir den 2. Abrëll virgesinn.

En Donneschdeg hat d'Billie Eilish de Museksvideo vum Titelsong vum neie Bond-Film "No time to die" presentéiert.