Fir déi drëtte Kéier scho protestéieren 20 Associatioune géint d’Zerstéiere vum Patrimoine. Si fuerderen: "net conservéieren, mä liewe loossen!"

Et ass fir déi drëtte Kéier bannent kuerzer Zäit, dass si op d’Strooss ginn, fir géint d’Zerstéierung vum patrimoine architectural ze protestéieren. D'Vertrieder vun 20 Associatiounen, déi sech fir den Erhalt vun der Bausubstanz vu fréier asetzen, kritiséieren, dass ëmmer méi wäertvoll Zäitzeie zerstéiert géifen.

Fakt wier awer och, dass Ales mat Neiem sollt kombinéiert ginn, seet den ordre des architectes et ingénieurs conseils. Eleng eppes erhalen wier net d’Léisung. Eise Patrimoine misst weider "liewen".

Si wiere sech géint dat muttwëllegt Futtimaachen, géint eng Zerstéierung och, vu Patrimoine, dee wierklech unique ass oder war. An ëmmer méi Bierger realiséieren dëst Verschwannen.

Spiere wat geet a net geet, verstoen, dass klasséieren kee Makel ass, mä e gesellschaftlechen Optrag, soen déi, déi bauen. Mir bräichten e Mentalitéitswiessel an am Kapp d’Iddi, dass ee Patrimoine net a Formaldehyd leed, mä liewe léist. Eent vun den Argumenter géint muttwëlleg Zerstéierung dacks och am Numm vum Logement.

Dat op alle Fall wier en no go!

Ofrappe geet guer net, mä den Drock ass do! Vum Logement, dem impôt foncier! Denkmalschutz ass och op Quartieren, déi net klasséiert sinn, d’Gesellschaft muss sensibiliséiert ginn a léieren, dat richtegt ze maachen!

Landeswait schlau a fair Critère fannen, zesumme mam Bierger, dat wéilt dat neit Gesetz liwweren. Net ee géint deen aneren, Béise géint Gudden, David géint Goliath.

Déi perséinlech Vue vum OAI-Direkter Pierre Hurt: Ugangs hätt de Projet Hamilius begeeschtert, elo géif d’Densitéit visibel ginn. Den Direkter vum ordre des architectes et ingenieurs conseils wëllt awer waarden, bis d’Plaz sech mat liewe fëllt, éier hie jugéiert.

Am Virfeld esou eppes z'erkennen wier wichteg, mä grad esou komplizéiert. D’Ausstellung vum OAI weist net just Realisatiounen, Iddien an Projeten, mä och Stecker vun der Post, als Post, déi se mol war. Egal wéi: Respekt wier d’Wuert, dat och de private Promoteur misst respektéieren.

Paul Ewen: Bis zum neie Gesetz wäert nach villes Verschwannen

Um Platto am Journal war de President vum Mouvement Patrimonial Paul Ewen.

De Bilan vun der Ministesch Tanson ass gutt, an awer mécht de kommunale Schutz eis suergen, seet de Paull Ewen, well deen net esou funktionéiere géif, wéi e soll.

Déi zwou Legislatioune misste koordinéiert ginn. D’Argument, dass Patrimoine dem Logement sollt Plaz maachen, acceptéiert hie net, well an der Proportioun vill méi nei gebaut géif ginn.

Fir dass dat neit Denkmalschutzgesetz gräift, misst et direkt a Kraaft trieden, well déi nächst Zäit villes wäert ofgerappt ginn. A ronn 50 Prozent vun de Gemenge wier den neie Bebauungsplang nach net a Kraaft, wat bedeit, dass net kloer ass, wat d’Gemenge schütze wëllen. 30 Prozent vun de Gemengen hätten och d'Expertise vu Sites et Monuments, wat schützenswäert Objeten ugeet, net ëmgesat.

Sanktiounen a Strofe wiere schonn am aktuelle Gesetz dran. Fir se z’applizéieren, géing et awer um politesche Wëlle feelen, sou nach de Paul Ewen.