De Kulturpass soll et finanziell méi schwaache Leit erméiglechen, fir u kulturellen Evenementer Deel ze huelen.

"All Bierger huet d’Rescht, fräi um kulturelle Liewen deel ze huelen", esou heescht et am Artikel 27 vun der allgemenger Mënschrechtserklärung . Ma leider ka sech awer net all Mënsch dat leeschten a genee bei deem Problem hu verschidden Associatioune virun iwwer 10 Joer ugesat. Aus där Versammlung ass d’Asbl "Cultur’all" entstanen, déi mëttlerweil mat 300 sozial-Partner a 75 kulturellen Institutiounen, uechter d’Land, zesumme schafft.

D’Entrée fir Muséeën ass fir d’Kulturpass Beneficiaire gratis. Fir Evenementer, wéi Theater, Ballet oder Concerten bezilt een 1,50€.

Vum 1. bis den 10. Oktober feiert d’Asbl "Cultur’all" mam Kulturministère dann 10 Joer Kulturpass. Iwwer 10 Deeg ginn 10 verschidden Aktivitéiten uechter d’Land fir Kulturpass Beneficiairen ugebueden. Startschoss war en Donneschdeg um Parvis vum Musée fir Geschicht a Konscht mat der Presentatioun vun den Aktivitéiten. Schlussliicht ass de “Kulturkaffi” den 10. Oktober an der Agora vun der Abtei Neimënster.