Wéi et an den US-amerikanesche Medien heescht, ass de Schauspiller um sougenannte West Nile Virus gestuerwen, e Virus, deen an sech harmlos ass.

Den Acteur ass am Alter vun 63 Joer gestuerwen, dat um West Nile Virus, dat confirméiert och seng Fra Elissa Middleton an enger Kommunikatioun. Hoen ass e Sonndeg 4. Oktober schonns gestuerwen, heescht et weider.

1983 huet de Middleton seng professionell Karriär ugefaangen an ass a Rolle bei Serie wéi Law&Order, Twin Peaks oder Blacklist opgedaucht. Ma och a Filmer wéi Kill Bill: Vol. 2 oder Birdman war hien ze gesinn.