Hie war ee vun de gréisste Rock-Gittariste vun allen Zäiten: den Eddie van Halen.

Elo ass de legendäre Museker u Kriibs gestuerwen, wéi säi Jong op Twitter matgedeelt huet.

De Museker war Deel vun der Band Van Halen, mat där hien an den 80er Jore weltwäit zu Erfolleg koum. Zu de gréissten Erfolleger vun der Band gehéieren d'Lidder "Jump" an "Ain't talking bout Love".

Am Alter vu 65 Joer ass den Eddie van Halen elo u Kriibs gestuerwen.