Déi däitsch Studentin Julia Pawels beschäftegt sech an hire Master-Etüden op der Uni Bonn an der Linguistik mat der Lëtzebuerger Sprooch.

Fir hir Etüd brauch déi jonk Fra Leit, déi an hirem Alldag Lëtzebuergesch schwätzen an déi 10 bis 15 Minutten Zäit hunn, e puer däitsch Sätz op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen respektiv e puer Biller ze interpretéieren.

D'Julia Pawels huet sech gezielt fir d'Lëtzebuergescht an hirer Etüd entscheet, well si d'Sprooch interessant fënnt. D'Ëmfro leeft nach bis den 11. Oktober.