De Pop- a Reggae-Kënschtler Johnny Nash ass am Alter vun 80 Joer a sengem Haus zu Houston gestuerwen. Dat huet säi Fils e Mëttwoch matgedeelt.

Duerch d'Lidd "I can see clearly now" gouf den US-Sänger berüümt, hien huet a Filmer matgespillt an dem Bob Marley zum internationalen Duerchbroch verhollef. Elo ass de Sänger dout, hie war scho méi laang krank.

De Fils vun engem Camionschauffer ass zu Houston op d'Welt komm, huet als Kand am Kierchechouer matgesongen an hat scho mat 13 Joer eng eege Fernsee-Show. Bannent just e puer Joer huet hie sech als Sänger en Numm gemaach. Den Hit "I can see clearly now" huet hien 1972 geschriwwen, no enger Operatioun un den Aen.

Mëtt de 60er Joren hat den Johnny Nash et mat R'n'B versicht, bis hien op enger Jamaika-Rees de Bob Marley, de Peter Tosh an de Bunny Livingston getraff huet. Dem Bob Marley huet hien zum internationalen Duerchbroch verhollef, well hien ënner anerem seng Lidder "Stir It Up" an "Guava Jelly" engem breede Public méi bekannt gemaach huet.

No den 80er Joren huet sech den Nash aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn. Hie war 3 Mol bestuet an hannerléisst 2 Kanner.