Hien ass am Alter vun 83 Joer gestuerwen.

Kultstatus krut den Herbert Feuerstein duerch d'WDR-Sendung "Schmidteinander", wou hien nieft dem Harald Schmidt opgetrueden ass a Chefauteur war. Ënner anerem war hien och de Chefredakter vum däitsche Mad-Magazin a war zanter 1998 reegelméisseg op den Theaterbünen aktiv.

1994 krut hien den Adolf-Grimme-Präis an 2010 war hien Éiere-Laureat beim däitsche Comedy-Präis.

Gebuer gouf den Herbert Feuerstein de 15. Juni 1937 zu Zell am See an Éisträich. 1960 ass hien an d'USA gaangen, wou hien Chefredakter vun der däitscher New Yorker Staats-Zeitung gouf. No senger Scheedung ass hien zeréck an Europa koum, wou seng Karriär an Däitschland weidergoung. 1990 dunn huet hien och déi däitsch Staatsbiergerschaft ugeholl. Den 7. Oktober 2020 ass hien zu Erfstadt, wou hie mat senger drëtter Fra Grit Bergmann gewunnt huet, gestuerwen.