Ee vun de Museker vum Quatuor Louvigny ass a Quarantän a kann e Sonndeg net optrieden.

Och konnt kuerzfristeg keen Ersatz fonnt ginn, soudatt d'Organisateure gezwonge sinn, de Concert vun e Sonndeg op e spéideren Datum ze verleeën.

Soubal den Datum bekannt ass, deelen d'Organisateuren dat mat.

Déi Leit, déi den Entrée bezuelt hunn kënnen ouni Problem den neien Datum wielen oder sech zeréckbezuele loossen.

De Concert vum 18. Oktober mam Kae Shiraki, Sandrine Cantoreggi a Leo Halsdorf fënnt ewéi geplangt statt. Weider Informatiounen op www.ksf.lu.